
Dëser Deeg gëtt am Stater Kolléisch – awer net nëmmen do – en neie Lëtzebuerger Film gedréit, eng schwaarz Action/Horror/Studentekomedie déi DEAD DAD GIRL heescht, vum Bernard MICHAUX fir Samsa Film produzéiert a vum jonke Lëtzebuerger Regisseur Stephen KORYTKO inszenéiert gëtt. Mit haten haut d’Geleeënheet e klenge Bléck hannert d’Kulissen am Kolléisch ze werfen, wou den Datzemisch souguer virun der Haaptentréee vum Gebai Reklamm fir den Tournage mécht. Merci dem Bernard datt mir konnten derbäii sinn. (jpt)

Hei e puer Fotoë vun der Atmosphär bannen am Festsall vum Kolléisch, wo ronn 130 Statisten eng Zeen op engem Studentebal dréien, wou et héich hiergeet.













Leave a comment