Et ass schonn eng Zäitchen hier dat – matten am Festival vu Cannes – déi franséisch “Ouvreuse”, d’Joffer Marie-Amandine Patapouf, am Feierkrop d’Handtuch gehäit huet, well hiren Artikel iwwer e Liiblingsgedrénks vun de Lëtzebuerger do net ugeholl gouf. Zënterhir huet déi Persoun, déi hannert der Marie-Amandine stécht, méi wéi eng Kéier d’Ouere voll gesouert krut, firwat dat hien déi granzeg franséisch Louder an d’Pensioun geschéckt huet. An der Tëschenzäit ass d’Marie-Amandine awer un Altersschwächt gestuerwen – ëmmerhin huet se hiert Onwiesen vum Land iwwer de Répu oder war et de Quotidien (?), duerno iwwer d’Revue an d’Télé Revue bis hin zum Feierkrop laang genuch gedriwwen. Am Ufank war se souguer als Hommage un de Fred Junck geduecht, deen iergendwann iergendwou (wahrscheinlech am Répu) och eng Serie Artikelen ënnert dem Titel Les Potins de l’Ouvreuse publizéiert hat. De Juncke Fred war the man you love to hate, ouni deen et wahrscheinlech ëmmer nach keng Cinemathéik zu Lëtzebuerg géif ginn.
Marie Amandine est morte, vive d’Marie Plommekett. Jo…vu dat eis léif “Lëzeboier” jo keen Heckefranséisch méi liese wëlle, kënnen oder dierfen, huet d’Marie Plommekett d’Roll vun hirer illlustrer “pas soeur-sourire” aus der douce France iwwerholl a verspreet vun elo un hiert d’Gëft am Internet an op Fatzbukk, do wou nët nëmme Fatzbeidele mä och méi oder wéineger normal Leit (de JMC zum Beispill, deen elo nees an d’Schoul geet) ënnerwee sinn. Méisseg awer reegelméisseg wäert d’Marie Plommekett vun elo un sech zu Wuert mellen, wann him iergendwou eppes géint de Strich geet, wann d’Patridioten nees iwwer d’Sträng schloen, de Marc Tomat nees e Film dréint oder et iergendwéi soss eppes gëtt wat muss mat spatzer Fieder kommentéiert ginn. Lëtzebuergesch – wann et eenegermoosse richteg geschriwwen ass – ass eng schéi Sprooch, déi allerdéngs net de Räichtum an de Wuertschatz vum Franséischen huet, déi awer – wann et muss sinn – ganz schéi graff ka ginn. Dir sitt deemno gewarnt, dat hei och emol d’Fatze fléie kënnen. Mä et soll hei net nëmme gestänkert, gerost a gegranzt ginn, heiansdo wäert d’Plommekett Iech och op méi positiv Saachen opmierksam maachen. An déi eng oder aner Foto vun engem Mupp oder enger Kaz dierft och derbäi sinn. Ëmmerhi si mer hei op Fatzbukk, a Fatzbukk ass nun eben e groussen Zoo. An et soll elo nëmme kee mam Schpellschlecker oder mat der Eifeler Reegel geschäert kommen, d’Marie-Plommekett ass eent aus dem Vollék, dat amgaang ass seng eege Sprooch schreiwen ze léieren. An et geet vun Dag zu Dag besser – also Schoulmeeschteren, Schouljofferen a Besserwësser, kufft d’Schmull! Et ass nach keng Lëtzebuergesch Ouvrös vum Himmel getrollt!
Marie-Plommekett, Friskosmadame