Komm fléi mat mer: De Superjhemp retörns

 

Endlech…endlech ass et souwäit. Dee Film, op deen d’ganzt Land, oder op mannst déi 300.000 Leit, déi schonn emol e Superjhemp-Album kaf hunn, gewaart hunn wéi op de Kleeschen oder d’Chrëschtkëndchen, ass endlech gelant…oder…wéi een am Ufank vum Film gesäit…geplumpst.

SJ_CutOut_Flying__27-06-2018.jpeg

Wéi bal all Lëtzebuerger hunn ech och eng enk Relatioun mam Superjhemp, déi eigentlech schonn op déi Zäit zeréckgeet, wou de Jhemp (also hien, net ech) nach guer net gebuer war a wou en d’Superkräfte vum Lëtzebuerger Kachkéis nach iwwerhaapt net entdeckt hat. Ech hunn de Roger Leiner, ee vun den zwee “pater familias” vum Superjhemp nämlech schonn 1981 kennegeléiert, an zwar zu Dikrech, bei der Première vun der AFO hirem Film WAT HUET E GESOT?, fir déi de Rosch ënner anerem d’Affiche gezeechent hat. Tëscht eis zwee huet vum éischte Moment un eng Komplizitéit existéiert, déi sech dann och an de Karikaturen erëmgespigelt huet, déi de Roger doropshi gezeechent huet, fir meng Filmkritiken am Tageblatt ze illustréieren – do sinn heiansdo ganz bosseg Saachen erauskomm, iwwer déi d’Cinemasbesëtzer net ëmmer frou waren. Ech hunn déi Zäit och am Finanzsecteur geschafft, a wéi meng Firma zwee Bicher mat Anekdoten iwwer d’Finanzwelt erausbruecht huet, war et nees de Roger, dee mer mat sengem Bläistëft daper zur Säit stoung, fir d’Broker an d’Banquieren zum Laachen ze bréngen. D’Bicher, déi natierlech vergraff sinn, ginn haut nach ënnert dem Dësch gehandelt.

Superjhemp-Retörns-15-Jules-Waringo-Henri-Losch-Luc-Feit-Jules-Werner-c-samsa-film-Photographe-Patricia-Peribanez
De Kleng-Duc, den Haffmarschall, de Schrobiltgen an den Avant-Premier

An op eemol huet de Roger de Lucien Czuga (de Luss) kennegeléiert an déi zwee hunn sech an der Géigend vu Miersch op eng al rompeleg Couch getässelt an zesummen de Superjhemp “gezeugt”, wann een dat sou salopp ka soen. Wat draus ginn ass, wësse mer alleguer, de Luss an de Rosch hunn doropshin d’Revue mat 31 verschiddene Superjhemp-Albumen iwwer Joren um Liewen erhalen an sech an d’Häerzer vu ganz Lëtzebuerg eragezeechent an erageblödelt…hier Figure goufe gläichzäiteg zu Zäitzeie vun all deem, wat zënterhier zu Luxusbuerg an der Politik an am Alldag sou passéiert ass. Net jidderee war ëmmer frou, wann hien op eemol an engem Album opgedaucht ass – et gouf anscheinend souguer eng “richteg” Joffer Lamesch, déi di zwee Zeechen- a Spriechblos-Pättere wollt op d’Geriicht huelen, well si sech an der gemoolter Madame…pardon Joffer Lamesch erëmerkannt huet. Ech fir mäin Deel hat och déi grouss Éier gläich e puer Mol a Superjhemp-Bicher “matzespillen”, déi éischte Kéier als dem “Andy Bausch säin Hauskritiker”.

Superjhemp-Retörns-1-Fabienne-Hollwege-c-samsa-film-Photographe-Ricardo-Vaz-Palma
D’Madamm…pardon…d’Joffer Lamesch

Leider ass de Rosch kuerz no Chrëschtdag virun zwee Joer vill ze fréi gestuerwen, an net nëmmen de Luss an ech mä d’ganzt Land huet e léiwe Mënsch verluer, deen eis alleguer op d’Maul gekuckt huet an de Geck mat alles a jidderengem gemaach huet, wat ëmmer nees gutt gedoen huet. An och wa verschidde “seriö Auteure” gemengt hunn, se missten de ganze Superjhemp-Phänomen als “ze vill populär” ugesinn, waren se ee wéi deen anere jalous op déi gigantesch Verkafszuelen, déi eise kachkéisfriessenden Nationalheld erreecht huet an vun deenen si alleguer nëmmen dreeme konnten.

De Krees huet sech elo geschloss, a leider ass de Rosch net méi do fir nach ze erliewen, wat aus sengem knuddelnuesegen Nationalheld a senge schassgeckegen Akolythen ginn ass, well dat wat de Regisseur Félix Koch, seng Dréibuchauteuren, seng Schauspiller, seng Techniker a säi Produzent mat engem minimale Budget als Hommage un de Rosch an de Jhemp do zesummegezwafft hunn, ass schonn eng Leeschtung…DE SUPERJHEMP RETURNS (op Franséisch: SUPERJHEMP- LE COMEBÄCK) ass eppes, wat et esou an eiser jonker Filmgeschicht nach net gouf  – e Superheldefilm mat ganz ville Spezialeffekter, wou se (bal al) Lëtzebuergesch schwätzen, wou et vill ze kucken an nach vill méi ze laache gëtt – an – dat ass dat allerflottst um Film – wou d’Gefiller och net ze kuerz kommen – ëmmerhin ass dat Ganzt jo och en Hommage un de Rosch a seng monumental Aarbecht, fir déi en iwwregens vu sengem Editeur net ëmmer belount a sécher net genuch appreciéiert gouf.

Superjhemp-Retörns-9-Luc-Feit-c-samsa-film-Photographe-Ricardo-Vaz-Palma
Schro, wéi schro…a Biltgen, wéi e klengt Bild.

Och fir mech huet sech mam Film eng “Boucle boucléiert”, wéi se déisäit der Croissants-Grenz soen. D’Produktioun huet mer nämlech déi ganz grouss Éier gemaach, mech ze froen, fir dem Superjhemp säi Lëtzebuergesch op Franséisch ze iwwersetzen an ze ënnertitelen. Wat am Ufank esou ausgesinn huet wéi wann et e vergëfte Cadeau wier, gouf séier zu enger Libesgeschicht tëscht dem Film a mir…an och wann ech mer heiansdo meng gro Hoer ausgerappt hunn, fir mat den Dialoge matzekommen, gouf eppes draus, dat och d’Fransouse kënne kucke goen, fir ze verstoen, wéi mir Luxusbuerger ticken. Dat mer se net méi all hunn, dat wëssen d’Fransouse schonn zënter méi laang, mä elo gi se sécher an hire Viruerteeler nach bestätegt.

Ech weess jo net, wéi déi Louder Félix Koch a seng Auteuren et gemaach hunn, mä sou kuerz no de Walen huet een d’Gefill, de Film wier eréischt déi läscht Woch geschriwwe ginn. Do geet zum Beispill riets vun engem “schwaarze Lach”, vun engem “Plang”, vu Staatsbeamten déi Punkt 5 virun der Auer waarden, datt se op 5 spréngt, dernieft kréien och RTHell an e gewëssene Staatsminister hiert Fett ewech. Iwwerhaapt entlarvt de Film vun Ufank bis Enn dat, wat ee gemengerhand als déi “Lëtzebuergesch Séil” bezeechne ka – d’Provënzialitéit, de Muff, de Feierwon an e ganz spezielle Sänger aus dem Diddelenger Raum si grad sou präsent wéi de Geheimdéngscht, d’Arméi, de Kleng-Duc an déi Politiker, déi am Däischtere schaffen, an déi een eréischt  gesäit, wann et scho bal ze spéit ass.

Ech ginn elo bewosst net op d’Handlung an, fir nëmmen näischt ze verroden, obwuel ech de Film mëttlerweil in- an auswenneg kennen. Ech wëll datt Dir e selwer entdeckt…an zwar mat ganz oppenen Aen an engem oppene Geescht, wat jo bei eis Stacklëtzebuerger net ëmmer de Fall ass. Am Film (souguer an den Ënnertitelen) sinn nämlech – grad wéi an de Comics – iwwerall kleng Witzer verstoppt, déi ee sécher net alleguer bei der éischter Kéier am Kino entdeckt, obwuel do den Ecran gigantesch ass. Och déi sëllech Sponsoren, déi de Beidel opgemaach hunn, fir dat hir Markennimm verkasematuckelt ginn, dierften sech iwwer den Echo freeën, déi de Film an den nächsten Deeg a Wochen a vläicht Méint am Kino fanne wäert.

Superjhemp-Retörns-2-Jules-Waringo-Henri-Losch-Luc-Feit-c-samsa-film-Photographe-Ricardo-Vaz-Palma
D’Kräiz mat der Kroun…

An d’Schauspiller? Ganz ofgesinn dovun, datt et fir all Acteur e Cadeau ass, bei engem Film wéi DE SUPERJHEMP RETÖRNS gefrot ze ginn, gëtt et näischt méi Schwéieres, wéi bei enger Komedie seriö ze bleiwen an dann och nach Gefiller eriwwer ze bréngen. Désirée Nosbusch, Änder Jung, Luc Feit, Jules Werner, Fabienne Hollwege, Jean-Paul Maes, Henri Losch an déi ganz Band vu méi jonke Schauspiller – Etienne Halsdorf, Jules Waringo, Julie Kieffer, Tommy Schlesser – bléie reegelrecht an hire Rollen op, woubäi d’Julie mer mat senger extrem knaschteger Laach besonnesch Freed gemaach huet.

Superjhemp-Retörns-4-Tommy-Schlesser-Julie-Kieffer-Désirée-Nosbusch-c-samsa-film-Photographe-Ricardo-Vaz-Palma
Den Tom Jitée, d’Tanja Trajet an d’Félicie Kuddel-Fleck

Voilà, elo hunn ech Iech extrem vill erzielt ouni Iech vill ze verroden.  Sou soll et och sinn. Stellt Iech an d’Rei an ärem Kino, well vun e Mëttwoch un start de Film mat gläich 8 Kopien an all Kino am Land. Ob se am Kinepolis dann elo och Kachkéiszoss iwwert d’Nachos schëdden, kann ech Iech an dësem Moment mam beschte Wëllen net bestätegen.

Jemp Thilges (ouni H)

Advertisement

1 thought on “Komm fléi mat mer: De Superjhemp retörns

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this:
search previous next tag category expand menu location phone mail time cart zoom edit close