GUTT GEBRËLLT, NAZI!

OPERATIOUN PAULY vum Marc Thoma ass e Monument un Iwwerhieflechkeet a Selbstiwwerschätzung, dat vu Kino sou vill versteet, wéi ech vu strécken,  heekelen oder kachen.  

Wou soll ech ufänken? Bei der Sich no engem Titel fir dësen Artikel, deen – Spoiler – a groussen Deeler keng Satir ass, sinn ech vun BLAZING NAZIS iwwer O VRECK, DE BIMBO AM KRICH,  LA GRANT VADROUILL bis LA VACHE, DES PRISONNIERS ! zu gudder Lescht bei GUTT GEBRËLLT, NAZI ukomm, well dat den intellektuellen, filmeschen, historeschen a leider och mënschleche Gehalt vum Här Thoma sengem “opus magnum” am beschte reflektéiert.  

De Film, wann een dat esou nenne kann, huet ganz genee zwou Sequenzen, déi funktionéieren: Am Ufank, mat engem Extrait aus enger Nazi-Wochenschau, déi den Iwwerfall vun de Preisen op Lëtzebuerg weist, a ganz zum Schluss, wou e puer Archivbiller un d’Befreiung vum Land duerch d’Amerikaner erënneren. Wat an deene schier onendlechen 90 Minutten dertëscht geschitt, geet net op eng Kouhaut, och net op déi vun der Kou Marguerite am Fernandel senger schéiner Comedie LA VACHE ET LE PRISONNIER.    

Ech weess jo net, wat d’Unioun vun de Lëtzebuerger Fräiheetsorganisatioune geridden huet, fir sech mam Här Thoma a senge “Filmengelcher” an ee Boot ze setzen, fir déi passionant an authentesch Fluchtgeschicht vun deene véier Naziprisonéier ze erzielen, mä wat dobäi erauskoum, ass eng absolut Frechheet vis-à-vis vun de Protagoniste vun deemools an dem Kinospublikum vun haut. 

Ech stellen zu kengem Moment a Fro, datt d’Geschicht vun zwee Lëtzebuerger, engem Belsch an engem Pol hirer rokambolesker Flucht aus dem KZ Buchenwald et verdéngt huet, an engem Film erzielt ze ginn, awer op kee Fall esou. D’Ausso, datt OPERATIOUN PAULY eng « Amateur-Produktioun » ass, déi net mat « grousse » Filmer mathale kann, wëll ech op kee Fall gëlle loossen, well och mat wéineg finanzielle Mëttele kann ee vill erreechen – wéi zum Beispill virun 10 Joer de Kollektiv « Feierblumm », déi mat hirem Krichsfilm « Heemwéi » bewisen hunn, wat ee mat vill Asaz a virun allem filmeschen Talent alles maache kann.  

Eng massiv Portioun Asaz kann een dem Här Thoma net ofspriechen (dozou méi an engem Postskriptum), mä vun Talent a filmeschem Knowhow si mer hei meilewäit ewech. Ech si wärend deem bal 100 Minutte laangen Trauerspill bal verzweiwelt, an nëmmen de Popcorn, deen ech mer ausnamsweis geleescht hat, huet mech dervun ofgehalen, haart vu Frustratioun am Kino ze brëllen oder mech duerch d’Bascht ze maachen, wéi déi véier Kärelen dat deemools och gemaach hunn. 

Vun Dréibuch, Inzenéierung, filmeschem Verständnis, Dialogen, déi deen Numm verdéngen, kohärenter Kamera-Aarbecht, Bildschnëtt a minimaler Schauspillerféierung feelt all Spuer. Nom Motto “nëmmen drop lass a kucke mer, wat dobäi erauskënnt” gëtt jiddereen am Film sech selwer iwwerlooss: Et huet een d’Gefill, d’Biller wiere mat de Féiss gefilmt, de Schnëtt wier mat enger Heckeschéier oder enger Motorsee erfollegt, dem Nico Graf säi monokord virgedroene Kommentar erzielt nach eng Kéier, wat op deenen eidele Biller geschitt, an d’Musek, déi dat Ganzt an engem Mier vun Nouten ersäift, géif besser bei e Godzilla-Film passen, wéi bei d’Geschicht vun enger spannender Flucht aus engem KZ. Spannung kënnt an deenen 100 Minutte keng op, ausser d’Hoffnung vum Spectateur, datt dat Trauerspill endlech eriwwer ass an “d’Schauspiller” dierfen e gudden Humpe Caspary Bräu drénke goen. 

A jo, déi léif Schauspiller, alles Laien, déi hir onméiglech Dialogen éischter lallen oder brëllen anstatt wéi normal Leit ze schwätzen. D’Nazi-Schergen si Karikature vu Karikaturen, si gackeren, tuddelen, gäiferen, jäizen a brëlle wéi en Trapp Haalwerweisen, déi aus engem Guckucksnascht fortgeflu sinn, déi véier Gefaangener trëllen iwwer Bierg an Dall wéi Zombië bei enger Vollékswanderung an anerer – zum Beispill d’Trauergäscht an der besonnesch fracassanter Zeen vum ”Leichenschmaus” – bréngen et emol net fäerdeg, hir Dialogen erofzeleieren ouni ze tuddelen, ganz dervun ofgesinn dat Verschiddener drakucke wéi e Moundkallef, wann et donnert.  A wéi oft déi iwwerfiddert a monumental mannerbegaabten Nazibridder am Film dat Wuert “Sauhunde” brëllen, hunn ech leider Gottes vergiess ze zielen. De Chefnazi huet iwwregens e ganze Cageot mat gëllenen Hammbiere verdéngt.  

Vläicht hätt ech den Artikel awer solle mat “O vreck!” iwwertitelen oder ganz de Bak halen, net datt op eemol d’Filmengelcher iwwer mech kommen. Gelldiert?    

Jemp Thilges

Postskriptum: Virun e puer Deeg huet de Chris Schleimer, Co-Chefredakter vum Tageblatt, geschriwwen : « Mit « Operatioun Pauly” ist Regisseur Marc Thoma ein wichtiges zeithistorisches Drama gelungen (..) Dass diese Geschichte dem Luxemburger Film Fund nicht einmal eine kleine Unterstützung wert war, sorgt auch bei Politikern für Kopfschütteln”. Zitat Schluss. 

Do muss ech mech mol direkt froen ob de Chris Schleimer de Film iwwerhaapt gesinn huet, a wa jo, op en Tomaten op den Aen a Banannen an den Oueren hat. A wat d’Politiker ugeet, déi de Kapp rëselen, ginn ech mol dervun aus, dat hie vum Felix Eischen schwätzt, e gudde Frënd vum Marc Thoma, dee scho jorelaang de Kapp rëselt an deen an den “Engelcher vu Schëndels” enger Jëfferchen e Vëlo verklickert huet. Soit. 

D’Unioun huet an engem Communiqué behaapt, de Guy Daleiden, Chef vum Film Fong, hätt gesot, “déi Geschicht géif kee Mënsch interesséieren”. Ech war net derbäi, wéi de Projet beim Fong diskutéiert gouf, wollt Iech awer zu deem Thema eng aner Geschicht erzielen. 

Virun enger Rei Jore gouf d’Odyssee vun deene véier Prisonéier (déi de Film erzielt) vun engem gewësse Jos Daleiden, President vun der CGFP, an engem Artikel vun der Gewerkschaftszeitung “Fonction publique” thematiséiert. Dem Här Daleiden säi Fils, deen och Daleiden heescht, sot mer, datt hien deemools mat engem Lëtzebuerger Filmproduzent iwwer den Thema diskutéiert hätt a gemengt huet, dat wier nawell e gudde Stoff fir e Film. De Produzent sot doropshin, “jo, mä et géif immens opwänneg ginn, fir doraus e valabele Film ze maachen ».  

Firwat den Dossier beim Film Fong net ugeholl gouf an ob e komplett war, weess ech net. Nodeems ech de fäerdege Film gesinn hunn, denken ech mer awer mäint.  

One response to “                                   ”

  1. Marie-Rose Clemens Avatar
    Marie-Rose Clemens

    Ech woar gespant ewéi e Flëtzbou wat haut vun Där kéim. Ech hat schon e ganz schlecht Gefill nodeem ech d‘Teaser gesinn hat. Wat d‘Pseudokritik am ‚T‘ betrëfft … nujee! Do woar viru Joer an Dag e ‚Reportage‘ iwwert en Owend an der Rockhal wou de ‚Kritiker‘ iergendwéi geschéngt huet op enger anerer Plaz gewiescht ze sinn wéi mär.

    Like

Leave a reply to Marie-Rose Clemens Cancel reply