Vermësst / Missing

  • An eisem HATARI PAPERS Blog vum leschte Méindeg hu mir eng – zouginn – zimlech spatz Notule iwwer de Film VERMËSST geschriwwen. De jonke Regisseur Joé Freilinger war net frou iwwer den Text an huet eis seng Gedanke matgedeelt. Mir wëllen Iech seng Reaktioun net virenthalen a gi se hei integral – als eng Aart “droit de réponse” – erëm. De Film leeft vun haut un quasi a sämtleche Kinoen am Land, Dir kënnt Iech also gär selwer e Bild maachen. Den Text vun e Méindeg loosse mer sou stoen. 

Jean-Pierre THILGES

Moien Här Thilges,

Ech hu lo just ären Artikel op ärer Websäit iwwert eise Film „Vermësst!“ gelies a muss soen, dass ech op ville Punkte schockéiert an enttäuscht vun ärer Aarbecht sinn.

Wat Dir do schreift, geet wäit iwwer eng konstruktiv oder fundéiert Kritik eraus – et ass éierlech gesot eng perséinlech Beléidegung, scho bal eng Aggression an eng Diskrimination, souwéi och respektlos vis-à-vis vun enger Ekipp, déi mat vill Engagement a Léift um Film geschafft huet. An anere Wierder ass et ennert aller Sau, wat dir do schreift géintiwwer eis an eisem Film.

Dir schwätzt vun engem „Minimum vu Savoir-faire“. Dofir informéieren ech Iech gären: Eise Film ass mat engem extrem begrenzte Budget vu knapps 17.000 € realiséiert ginn, an dat als Studentefilm. Et war keen Hollywood-Projet, mee eng Léiererfarung, déi jonken Talenter d’Méiglechkeet ginn huet, zesummen eppes Reelles op d’Been ze stellen. A genau dat ass d’Zil vun esou Projeten. Et muss ee net direkt an allem blénken. Mir si jo keng Egoisten oder Narzisten.

Fir datt de Film an d’Kinoë kënnt, schued iech näischt, an ass reng fir datt d’Kinoen déi jonk ënnerstetzen, an hir Aarbecht un d’Liicht ze brénge mat Chancen op eng Zukunft an deem Domaine vun der Kinoswelt. Dir schéngt dat iergendwéi a Fro ze stellen an probéieren ze verhënneren, datt déi Jonk sech weider däerfe sou weisen, wéi se sinn. Och hei schonn eng kloer Altersdiskriminéierung ze erkennen ärer Säits. Einfach Null Respekt virun eisem jonken Alter. Dëss weideren kéinnt een och Rassistesch, souwéi och Klassistesch Saachen aus ärer „Kritik“ erauszéihen im weitesten Sinne der Worte, ouni iech elo eng Ennerstellung ze machen.

Mir haten vill renomméiert Sponsoren a Partner, dorënner och den SNJ (Service National de la Jeunesse), déi eis Aarbecht net nëmmen ënnerstëtzt hunn, mee ausdrécklech bewonnert hunn. An dann liest een esou eng onbegrënnten, arrogant a blann zerreissend Kritik, déi mol keng Kritik ass – dat ass net nëmme bedauerlech, mee och immens frustéiernd. Wéi schonns gesot ennert aller Sau!

Einfach deene Motiviéierten hir Aarbecht erofgemaach fir eege Profitt. Dat hu mer gäeren, gellt?

Är Aussoen iwwert Schauspillerei, technesch Kenntnisser oder Savoir-faire si weder argumentéiert nach respektvoll – an et stellt sech d’Fro, ob Dir de Film iwwerhaapt richteg gekuckt hutt, selwer wësst wat ennert déi Begrëffer fällt, déi dir nennt, wärend der Séance vläit och geschlof hutt, oder just eng Plattform gesicht hutt fir jonk Leit erofzemaachen, déi eng Chance notze fir sech filmësch kreativ ausdrécken ze dierfen. Jo, d’Diversitéit an der Filmwelt hei zu Lëtzebuerg gëtt an ärem Text och net respektvoll behandelt. Jonker, déi alles maache fir datt hire Projet eppes gëtt an da liest een esou eppes. Därf just nach de Loïc Tanson oder den Andy Bausch Filmer dréihnen hei am Land, oder ass bei iech awer nach besse méi Fräiraum fir Oppenheet?

D’Zil vu sou Projeten ass et net, e Blockbuster ze produzéieren, mee Erfarung ze sammelen, ze léieren, a wuesse kënnen. Dir wart och emol an eisem Alter, erennert iech emol drunn. Wann een esou Projete mat Hollywood vergläicht a se ënner d’Lupp hëlt, wéi wann et ëm eng Multimilliounen-Produktioun geet, verpasst een komplett de Kär vun där Aarbecht. An dann nach mat enger Tounlag, déi méi un eng frustéiert Ofrechnung wéi un objektiv Kritik erënnert…

Är Zeil „mir hu schonn ee Marc Thoma, mir brauche keen Zweeten“ ass einfach nëmmen pikanéiert an onnéideg verletzend. Wéi kënnt Dir Iech d’Erlaabnis huelen, op esou engem Niveau iwwer jonk Filmschaffend ze schwätzen? Fir ween halt Dir iech, ganz éierlech. Einfach non-sense Saachen aus der Loft gräife, well ee soss net méi wees wat schreiwen, a verletzend sinn. D’Zil vun ale Männer hei am Land wéi et schéngt, ouni elo Ennerstellungen ze machen, mee einfach op Basis vun deem wat ee gesäit Schlussfolgeren. Kee Respekt méi virun der Jugend. Wann d’Jalusie iwwerhand hëllt. An dann nach aner Filmleit mat an d’Bot zéihe fir besser ze kléngen, dat kënne mer och gudd. Do hudd der Iech dëss Kéier leider mam Falschen ugeluecht, well sou domm, sinn ech dann awer net!

Jiddereen däerf jo seng fräi Meenung hunn, kloer, awer dat do ze publizéieren, ze verëffentlechen, dat geet scho bal géint d’Gesetz vun der Pressefräiheet. Diskriminatioun an Agrression écrite. Jonk Talentéierter esou ze diskriminéieren an ze aggresséieren. Dofir hunn ech kee Pardon! Schummt iech! Eierlech! Do schwätzt ee wierklech scho net méi vu Fräiheet an ärem Text.

Ech froen Iech also ganz kloer an direkt ouni nach musse laang ze diskutéieren: Huelt dësen Artikel vun Ärer Websäit erof an och vun all anere Plattformen, wou dëse Publizéiert ginn ass. Dëse stellt eindeuteg keng Kritik duer, mee eng pauschal Diskreditéierung vun eiser Aarbecht an e komplette Manktem u Respekt vis-à-vis vun eisem Engagement, wat usech uklobar ass.

Mir haten iech invitéiert fir eng richteg Kritik kënnen ze liesen mat Kapp a Schwanz a net eppes dohigeworfenes, wat just negatif ass, diskriminant an agrressiv, an an an …

Datt een esou eng Tirade iwwer e Studentefilm schreift, deen aus Begeeschterung, Zesummenhalt a Léift zum Kino entstanen ass, ass éierlech gesot blamabel. An Dir sollt Iech héich an helleg schummen. Einfach nëmme pervers.

Wann de Film Iech net gefall huet – kee Problem, jidderee ka seng Meenung hunn. Awer déi Manéier, wéi Dir dat hei gemaach hutt, an och nach ëffentlech, ass alles anescht wéi fair oder professionell. Mir kënnen a wëlle sou eppes net novollzéien an scho guer net ënnerstetzen.

Ech stinn heimadd voll a ganz zu menge Wierder aus deser Mail, an ech hu fir näischt dozou e Pardon.

Ech hoffen, Dir verstitt de Message a reagéiert bis haut den Owend allerspéitsdens – soss wäerte mir aner Schrëtt an Usiicht zéien op Basis vum geschriwwenem Wuert.

Mat Respekt, dee mir iech géintiwwer à la base nach hunn!

Joé Freilinger

5 responses to “Vermësst / Missing”

  1. thoroughlyb05658f61b Avatar
    thoroughlyb05658f61b

    Salut Jemp, Ech hat Deng Kritik geliest an ech hu keng Frechheet fonnt, och net datt ënnert de Rimm geschloe gouf.Ech weess net ween deen Här Freylinger ass a kennen och kee vun der Ékipp.Ech stelle fest datt de jonke Mënsch sech absolut am Toun vergräift, vun den Ausdréck guer net ze schwätzen. Deen huet keng Manéieren. LGMarie-Rose

    Gesendet von Yahoo Mail für iPhone

    Like

  2. De Film ass null. Punkt. Case closed.

    Like

  3. Mouais, la critique de Thilges vaut ce qu’elle vaut… Quelques lignes lapidaires, sans rien de constructif, et ponctuées par une attaque personnelle (on n’a pas besoin de gens comme toi ou Thoma). C’est définitivement du mauvais Thilges. Mais la réponse est complètement à côté de la plaque même si on peut comprendre la frustration du jeune réalisateur.

    Like

    1. Je ne changerais pas une lettre de la notule, rien à ajouter, rien à retirer. Si j’avais écrit deux pages, les critiques détaillées auraient été tout aussi négatives, puisqu’il n’y a rien à sauver. Et la réaction n’aurait pas été pire. Et je présume que vous – comme la majorité des autres gens qui discutent de l’affaire – n’avez pas vu le film.

      Like

      1. Honnêtement, je n’en ai rien à faire que vous changiez quoi que ce soit 🙂 Je ne vous connais pas ou je connais encore moins le réalisateur. Donc vous faites ce que vous voulez 🙂 Moi, je me suis contenté de donner mon ressenti à votre critique.

        Like

Leave a reply to Patrick B Cancel reply